08
2022
Apr

Kick-Off Bealtaine 2022

Neihaischen am Keltenhaus

Freides, den 8.4.2022 presentéiere mir de Bealtainefestival 2022. Deen Owend kritt Dir di wichtegst Informatiounen zu dësem Event. Vun 19h30 wëlle mir mat allen Mataarbechter déi eenzel Chargen um Festival duerchkucken, fir dass schonn jiddereen am Virfeld genee weess, wat ze maachen ass. Um Kick Off verdeelen mir awer och Flyer, Affichen an Virverkafsticketen. No dëser Presentatioun wëlle mir awer nach e bësschen mat iech am Keltenhaus feieren. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. Mir hoffen all d’Mataarbechterinnen an d’Mataarbechter vun deene leschten Editiounen vum Bealtaine Festival deen Owend erëm ze gesinn.

Rendezvous ass also: Freides, den 08. 4. 2022 um 19h30 Auer um Neihaischen am Keltenhaus. Mellt iech w.e.g bis spéitstens den 02.04.2022 iwwert de Link un. Umeldung