22
2021
May

Bealatine to go

   Bealtaine to Go 2021

 

Léif Guiden, Scouten a Frënn vum Native Village Neihaischen,

Leider hunn mir wéinst der aktueller COVID-19 Pandemie och dëst Joer de Bealtaine-Festival missen annuléieren. D’Ekipp Native Village huet decidéiert déi 9. Editioun op 2022 ze verleeën, an dat vum 04. – 05.Juni 2022.

Fir Zäit bis 2022 ze iwwerbrécken, bidde mir dëst Joer en „Bealtaine to Go“ un. Dir frot iech elo bestëmmt, wat dat ass?

Mir hunn eng Corbeille mat typeschen Artikelen vum Bealtaine zesummegestallt, déi dir doheem an aller Sécherheet genéissen an ausprobéiere kennt.

An der Corbeille fannt dir lokal Produkter déi et op engem normale Bealtainefestival och gëtt. Et sinn dëst : 

  • 1 Zoossiss vun der Metzlerei Strauch
  • 1 Duebel-CD mat de beschten Lidder vun de Rambling Rovers (eng vun de Bands vum Festival)
  • 4 Fläschen vun eisem keltesche Béier Arduinna
  • 3 Fläschen Bio-Limonade
  • 1 Bealtaine-Keramikbecher vun “Autisme Lëtzebuerg” (Partner vum Festival)
  • 1 Bealtaine-Spill « Mensch ärger dich nicht » vun Autisme Lëtzebuerg (Partner vum Festival)
  • 1 Glas Kraideralz vun eisen Kraiderhexen
  • 1 Tuut mat Soom fir Seedbombs
De Präis vun der Corbeille ass 58 €. Den Erléis ass fir de Projet Native Village um Neihaischen.

Bestellen kennt dir Corbeille «  Bealtaine to Go » am Native Village Shop.

D’Zuel vun de Corbeillen ass limitéiert.

Fir Liibhaber vum Arduinna Béier verkafen mir dësen och a Këschten zu 24 Fläschen (Wegwerffläschen). De Pfand fir d’Këscht kritt dir an all Cactus-Supermarché erëm

De Präis pro Këscht ass 45 €. Den Erléis ass fir de Projet Native Village um Neihaischen.

Bestellen kennt dir Këscht Arduinna am Native Village Shop

D’Zuel vun de Këschten Béier ass limitéiert.

Bezuelsystem: Är Commande vun der Corbeille an/oder Këscht Béier ass eréischt definitiv wann dir de Montant op folgende Konto iwwerwisen hutt: Lëtzebuerger Guiden a Scouten c/o Projet Native Village  5, rue Munchen –Tesch L-2173 Luxembourg (BIL : LU42 0020 1828 0207 8500) mat ärem Numm an dem Vermierk “Bealtaine to Go” an der Bestellnummer.

Ofhuelen kennt dir d’Corbeillen an d’Këschten mam Arduinna Samschdes, den 22. Mee 2021 tëschent 09h00 an 17h00 um Parking nieft dem Chalet um Neihaischen

Mir soen iech elo schonn villmools Merci fir är finanziell Ënnerstëtzung vum Projet. Genéisst är Corbeille a mir freeën eis elo schonn iech alleguer um Bealtaine Festival 2022 erëm ze gesinn

Är Ekipp Native Village