Equipe

All déi Leit, déi sech benevol ëm de Projet Native Village këmmeren hunn sech den Numm Equipe Native Village ginn.

D’Equipe Native Village seet sech zesummen aus:

  •  dem Native Village Staff;
    14 Leit koordinéieren déi eenzel Aarbechtsberäicher vum Projet wéi Programm, Infrastruktur, Catering, Finanzen, Internetsite; Facebook, etc.
  • dem Native Village Programm Staff;
    12 Leit këmmeren sech ëm de ganze Beräich vum Programm (Dossier, pädagogesch Kofferen, thematesch Aktivitéiten etc.)
  • dem Native Village Infra Staff;
    15 Leit këmmeren sech ëm den Entretien vum Site
  • dem Native Village Kiche Staff;
    5 Leit këmmeren sech ëm Organisatioun vum Catering
  • dem Native Village Internet Staff;
    4 Leit këmmeren sech ëm den Internetsite an Säiten op Facebook
  • de Mataarbechter;
    eng 180 Léit déi eis punktuell hëllefen bei den Aktivitéiten a besonnesch beim Bealtainefestival.